Dat ass
lëtzpole’n’dance
Am Summer 2021 mécht um Site vum Schëfflenger Schräiner e neien Danzstudio seng Dieren op. D’Asbl “LëtzPole’n’Dance” gouf de 26. Abrëll dëst Joer kreéiert, fir der wuessender Demande no Poledance, awer och den Zirkusdisziplinnen “tissu aérien” an “hoop aérien” nozekommen.
Mat der Ouverture vum Studio wëlle mir eiser Communautéit, déi säit iwwer 10 Joer zu Lëtzebuerg existéiert, eng Plaz ginn, wou et keng Virurteeler gëtt a jidderee sengem Hobby nogoe kann, egal wéi een Alter, wéi eng Nationalitéit a wéi ee Background. LëtzPole’n’Dance soll en Espace sinn, deen oppen ass a ville verschiddene Sportaarten, ewéi “aerial arts”, Yoga, Pilates an Danz, de néidege Raum gëtt, fir sech kënnen ze entfalen.
Poledance als Disziplin, déi Akrobatik, Muskeltraining an Danz matenee verbënnt, stellt de Pilier vun den Aktivitéite vu LëtzPole’n’Dance duer. Ronderëm fix Coursë vu passionéierten Trainere bleift déi iwwreg Dagesgestaltung vum Studio oppen, esou dass och aner Independant’en, Veräiner a Sportsclibb hei hir Trainingen halen dierfen. Et soll e grousst Mateneen entstoen, well d’Asbl funktionéiert nom Motto:
“l’union fait la force”.
Fir d’Liens’en tëscht ville verschiddene Sportbegeeschterten a Kreativen ze stäerken, hu mir scho bei eiser Grënnung op Kollaboratiounen zeréckgegraff. Eise Logo, eis Websäit, eis Online-Presenz, eist Foto- a Videomaterial an esouguer eise Sall, all dëst entsteet duerch d’Zesummenaarbecht mat neien an etabléierte Gesiichter aus dem Süden, well LëtzPole’n’Dance wëll net nëmmen um sportlechen, ma och um sozialen Niveau Mënschen zesummeféieren a Chancë kreéieren.
- Laura, Esther & Salima