Eis Coursen

 
Pole.png

Lëtz’Initiate’Pole (Initiation)

75min

Du houngs nach ni un enger Pole ? Dann ass dëse Cours genau dat Richtegt fir dech! Hei gëss du geléiert, wéi een sech elegant ronderëm d’Staang beweegt, wéi d’Basic-Steps funktionéieren a wéi een eropkënnt, ouni dobäi wéi en Af auszegesinn. Am Initiation ass jiddereen wëllkomm, egal op mat oder ouni Erfahrung am Danzen/Turnen.

Zu den éischten Tricks gehéieren de Basic Climb, de Step Around, de Pole Sit oder Basis-Spins wéi den Chair Spin, Front Hook, Back Hook oder Fireman.

Schnupper-Cours:   15 Euro

1 Unitéit: 30 Euro (1 Mount gülteg)

5 Unitéiten: 140 Euro (2 Méint gülteg)

10 Unitéiten: 250 Euro (4 Méint gülteg)

20 Unitéiten: 440 Euro (6 Méint gülteg)

 

Lëtz’Start’Pole

(Level 1)

75min

Am Level 1 gëtt virun allem un der Propretéit an Ausféirung vun den Basic-Moves geschafft. Du gëss geléiert, wéis de Kraaft, Eleganz a Souplesse mateneen verbënns a léiers däi Kierper esou no a no besser kennen. Et geet och endlech eng Etage méi héich op der Pole, mat Variatiounen op der Staang an deels och kappiwwer – mee keng Angscht, eis Trainerinnen hunn dech!

Geléiert ginn nei Tricks wéi den Chopper, Gemini, Scorpio, Basic Invert, Crucifix oder Superman an och wéi een dës an enger flotter Combo mateneen verbënnt.

Schnupper-Cours:   15 Euro

1 Unitéit: 30 Euro (1 Mount gülteg)

5 Unitéiten: 140 Euro (2 Méint gülteg)

10 Unitéiten: 250 Euro (4 Méint gülteg)

20 Unitéiten: 440 Euro (6 Méint gülteg)

 

Lëtz’Continue’Pole (Level 2)

75min

Dëse Cours riicht sech un all déi, déi d’Tricks aus dem Level 1 gutt beherrschen a schonn ë bësse Kraaft opgebaut hunn. Hei läit de Fokus virun allem op Comboen, esouwuel am Static Pole wéi och am Spinning. Et gëtt och un der Musikalitéit geschafft, well zu Poledance gehéiert och ëmmer – wéi de Numm et scho verréit – Danzen.

Mir maan eis un en Tick méi schwéier Tricks a Climbs wéi de Shoulder Mount, Butterfly oder Chopper vun uewen.

Schnupper-Cours:   15 Euro

1 Unitéit: 30 Euro (1 Mount gülteg)

5 Unitéiten: 140 Euro (2 Méint gülteg)

10 Unitéiten: 250 Euro (4 Méint gülteg)

20 Unitéiten: 440 Euro (6 Méint gülteg)

 
Pole.png

Lëtz’Master’Pole (Level 3)

75min

Am Level 3 geet et em Kierperbeherrschung, well hei kommen d’Avancéën op hir Käschten. D’Basis vun de Levele virdru muss sëtzen an am beschten kombinéiert een dëse Cours mat Übunge fir d’Flexibilitéit, fir d’Tricks och propper kënnen auszeféieren. Villes spillt sech éischter uewen op der Staang of – mee keng Suerg, eis Crash-Mats fänken dech op, falls et dach emol méi rutscheg gëtt!

Hei léiers du Figuren wéi den Ayesha, Bird, Wilson oder Combos aus dem Handstand an am Spinning.

Schnupper-Cours:   15 Euro

1 Unitéit: 30 Euro (1 Mount gülteg)

5 Unitéiten: 140 Euro (2 Méint gülteg)

10 Unitéiten: 250 Euro (4 Méint gülteg)

20 Unitéiten: 440 Euro (6 Méint gülteg)

 
Tissus.png

Lëtz’silk (Aerial Silk & Hammock)

75min

Fir all déi, déi et gäre méi fluid an douce hunn, ass den Aerial Silk an Hammock genau déi richteg Optioun. An dësem Cours dréit sech alles em d’Beweegung an den Dicher: kappiwwer, accrochéiert mat den Hänn oder mat de Féiss, oder ewéi e Jojo am Drop – hei ass jiddereen wëllkomm, dee schonn ëmmer eng Kéier d’Welt vun uewe wollt gesinn.

Schnupper-Cours: 15 Euro

1 Unitéit: 30 Euro (1 Mount gülteg)

5 Unitéiten: 140 Euro (2 Méint gülteg)

10 Unitéiten: 250 Euro (4 Méint gülteg)

20 Unitéiten: 440 Euro (6 Méint gülteg)

 
Cerceau.png

Lëtz’Hoop (aerial Hoop)


75min

Wéi versprach, sti bei LëtzPole’n’Dance nieft Poledance och d’Aerial Arts am Virdergrond. De Klassiker Hoop kennt een aus dem Zirkus, ma och ausserhalb vum Zelt léisst sech am Reef eng ganz Rëtsch un akrobateschen Tricks a Comboen léieren. Trau dech a gëff schwerelos, well och du kanns zum Aerial Artist ginn!

Schnupper-Cours:   15 Euro

1 Unitéit: 30 Euro (1 Mount gülteg)

5 Unitéiten: 140 Euro (2 Méint gülteg)

10 Unitéiten: 250 Euro (4 Méint gülteg)

20 Unitéiten: 440 Euro (6 Méint gülteg)

 
Yoga.png

lëtz’breathe (Gravity Yoga)

60min

Yoga ass deene meeschte jo mëttlerweil e Begrëff, ma Gravity Yoga riicht sech speziell u Leit, déi vu Natur aus éischter Problemer mat der Dehnbarkeet hunn, vill sëtzen oder duerch aner Sportaarten wéi Lafen oder Muskeltraining steif gi sinn. Duerch laang Dehnungsübungen an déi richteg Ootmung gëtt d’Motricitéit vum Kierper nees hirgestallt an opgebaut, esou dass Péng lues a lues besser gëtt an een méi a méi u Beweeglechkeet gewënnt.

1 Unitéit:                17 Euro (1 Mount gülteg)
5 Unitéiten:          70 Euro (2 Méint gülteg)
10 Unitéiten:         120 Euro (4 Méint gülteg)

 

lëtz’Yogi (Yoga)

60min

Yoga ass déi perfekte Sportaart fir jiddereen, dee sech beweege wëll, ouni ze vill Action. Et ginn X verschidden Zorte vu Yoga, vun Hatha, Ashtanga a Sadhana, iwwer Prana an Vinyasa bis hin zu Nidra, an all hunn eppes gemeinsam: et geet net drëms, dee muskuléiertste Kierper opzebauen oder geckeg Spagater hinzekréien, mee sengem Kierper eppes Guddes ze doen an dat op engem physeschen, mee och mentalen an emotionale Level.

1 Unitéit:                17 Euro (1 Mount gülteg)
5 Unitéiten:          70 Euro (2 Méint gülteg)
10 Unitéiten:         120 Euro (4 Méint gülteg)

 

lëtz’Fly (Aerial Yoga)

60 min

Am Aerial Yoga gi Figuren aus dem Yoga, Danz a Pilates an Aerial Hammocks, also Silk-Dicher, déi wéi eng Hängematt befestegt sinn, ausgefouert. Vu dass een dobäi an der Luucht hänkt, gëtt virun allem d’Rumpfmuskulatur trainéiert, wärend ee gläichzäiteg un senger Flexibilitéit, Ausdauer, Kraaft a Beweeglechkeet schafft. Ideal fir jiddereen, dee Loscht op eng méi speziell Form vu Yoga huet!

1 Unitéit:                17 Euro (1 Mount gülteg)
5 Unitéiten:          70 Euro (2 Méint gülteg)
10 Unitéiten:         120 Euro (4 Méint gülteg)

 
Stretch.png

lëtz’Flex (stretching)

60min

Fir Poledance, Aerial Hoop a Silk uerdentlech kënnen auszeféieren, ass nieft der Kraaft an dem Dänzereschen virun allem eppes wichteg: Flexibilitéit. Virun allem an de méi héiche Niveauen ass eng gewësse Souplesse d’Basis, fir vill Tricks och schéin kënnen duerzestellen. Ma och fir Leit, déi einfach wëllen ë bëssen un hirer Dehnbarkeet schaffen an hirem Kierper eppes Guddes doen, ass de Flex Cours genau dat Richtegt.

Et ginn trainéiert: Front Split, Middle Split, Backbend

1 Unitéit:                17 Euro (1 Mount gülteg)
5 Unitéiten:          70 Euro (2 Méint gülteg)
10 Unitéiten:         120 Euro (4 Méint gülteg)

 
Exotic pole.png

lëtz’be’sexy (exotic) /

Lëtz’flow (choreo)

75min

Du liebs et un der Pole ze danzen, mee wëlls och eng richteg Choreo léieren? An dësem Cours weisen eis Trainerinnen dir, wéi genau dëst machbar ass. Sief et als Pole Flow Choreographie mat douce Beweegungen an vill Eleganz, oder méi wëll a mat Heels am Exotic, wous de richteg Gas kanns ginn – an dësem Cours dréit sech alles em dat Dänzerescht a wéi cool Tricks duerch fléissend Iwwergäng zu eppes Ganzem ginn.

Schnupper-Cours:   15 Euro

1 Unitéit: 30 Euro (1 Mount gülteg)

5 Unitéiten: 140 Euro (2 Méint gülteg)

10 Unitéiten: 250 Euro (4 Méint gülteg)

20 Unitéiten: 440 Euro (6 Méint gülteg)

 

lëtz’be’free (open pole training)

60min

Am oppenen Training kanns de all d’Tricker, déis de am Cours geléiert hues, nach eng Kéier a Rou a fir dech widderhuelen. Dës Stonn bitt virun allem Leit, déi doheem keng eege Staang hunn d’Méiglechkeet, och ausserhalb vun den Coursen ze trainéieren, ma ass och eng flott Optioun fir jiddereen, dee sech alleng net motivéiert kritt. Eis Trainerinnen sinn aus Sécherheetsgrënn sur Place, halen awer keng Stonn.

 Viraussetzung: just fir Memberen

 1 Unitéit:                12 Euro

 
Pole.png

lëtz’be’private (Privatstonn)

75min

Du hëls zwar gäre Coursen, wëlls dat Geléiert awer am Eenzel-Coaching nach intensivéieren? Du hues léiwer e méi private Kader a fills dech nach onsécher am Grupp? Da buch einfach eng Eenzelstonn mat enger vun eisen Trainerinnen!

1 Unitéit:                80 Euro

Ufro via Mail: info@letzpoleanddance.com

 

lëtz’be’Special (Events)

90min

Jonggesell*innen-Abschied, Teambuilding, Gebuertsdag – gëtt et e Grond ze feieren, da gëtt et och e Grond ze poledancen! Buch dir an denger Clique äre ganz perséinleche Workshop a verwandel all Occasioun an eppes, wat dir esou schnell net méi vergiesst. Spaass garantéiert!

Minimum 4 Persounen

Acompte:                150 Euro
Pro Persoun:           25 Euro 

Ufro via Mail: info@letzpoleanddance.com

 

lëtz’Kids&Teens (Mixed aerial arts 8-15 years)

60min

Fir eis ass Sport eppes, wat ee ni fréi genuch ufänke kann, dofir bidde mir an eisem Studio och Course speziell fir Kanner a Jugendlecher tëscht 8 a 15 Joer un. Hei léiert een d’Basics aus eisen Haaptdisziplinnen Poledance an Aerial Hoop kennen, dëst op eng spilleresch an altersgerecht Aart a Weis. Well, si mir mol éierlech: wien ass net gär als Kand un all Méiglechem ronderemgeturnt? Do ass d’Dréien, Klammen an Hänken an engem Cerceau oder un enger Staang dach genee dat Richtegt!

Schnupper-Cours:   15 Euro

1 Unitéit: 30 Euro (1 Mount gülteg)

5 Unitéiten: 140 Euro (2 Méint gülteg)

10 Unitéiten: 250 Euro (4 Méint gülteg)

20 Unitéiten: 440 Euro (6 Méint gülteg)