Eis gemeinsam Geschicht fänkt 2016 zu Déifferdeng un, wéi mir zoufälleg zu dräi am selwechte Studio en neit Hobby fonnt hunn. Wärend mir all aus komplett ënnerschiddleche Beräicher kommen a virdru ganz verschidde Sportaarte bedriwwen hunn, huet eis Poledance vun Ufank un direkt gepak - a ni méi lassgelooss!

Wéi virun e puer Joer dunn d’Nouvelle koum, dass eisen ale Studio géif zoumaachen, a wärend Covid och eng zweet Adress hei am Land opgehalen huet, war fir eis kloer: mir wëllen eppes Eegenes op d’Been stellen, well wann een iwwer esou laang Zäit all Woch zesummen trainéiert, sech géigesäiteg pusht, een deem aneren hëlleft a jidderee jiddereen ëmmer nees op e Neits encouragéiert, da kann een net einfach ophalen. Schliisslech ass Poledance méi wéi just e Sport, op jiddefalls fir eis.

Hannert LëtzPole’n’Dance stiechen also mir, d’Laura, d’Esther an d’Salima, dräi jonk Fraen, déi matten am Liewe stinn, beruffstäteg sinn an niewelaanscht dat maachen, wat eis Spaass mécht. Ma hannert den dräi Bossgirls, wéi mir eis mat engem zougedréckten Aan géigesäiteg nennen, steet eng ganz Ekipp un Proffen a Memberen, ouni déi eise Studio net dat wier, wat en haut ass.

LëtzPole’n’Dance, dat si mir, dat ass eis Disziplin, eis Passioun, eis kleng Famill.

Mir stiechen all Dag vill Léift an Engagement an eise Studio an an d’Betreiung vun eise Proffen a Schüler a mir mengen, dass dëst sech och an allem, wat mir maachen, weist - sief et an de Lëtz’Initiate’Pole Coursen, déi d’Salima Méindes Moies mat vill Charme hält, den Lëtz’Kids&Teens Stonne vun Donneschdes Nomëttes, an deenen d’Esther op cool Aart a Weis deene méi Jonke schonn d’Léift fir eise Sport vermëttelt, oder eisem klenge Blog op Social Media, via deen d’Laura mat uerdentlech vill “gifs” eis Schüler ëmmer up-to-date hält.

Well eent ass sécher: wien bei LëtzPole’n’Dance kënnt, dee geet net just an iergende Sportkuer. Wien bei eis kënnt, dee kënnt an eng eege kleng Welt, an der jidderee wëllkomm ass an an der jiddereen dozou gehéiert, dat ass eist Verspriechen♥